Dëst wonnerschéint Appartement leit vis-à-vis vum Josy Barthel Stadion an enger Residenz déi 2015 gebaut ginn ass. Renoveiert am Mai 2023. No un allen Bequeemlechkeeten an d'Groussgaass ass zu Fous a manner wei 15 Minutten ze erreechen.
D'Wunnfläch beleeft sech op 99,33m2, no den Verkafspläng, e südorientéierten Balcon huet nach zousätzlech 8,75m2. D'Nettowunnfläch as 94,30m2, wei aus dem finalen Grondrëss ervir geet. Den groussen Living ass den ganzen Dag iwwer hell beliicht duerch seng perfekt Südorientéierung a sengen freien a spektakulären Vuen iwwer d'Stad Lëtzebuerg an Ëmgéigend. De Living huet eng modern, oppen Kichen mat enger décker Granitarbeschtsplack, en Frigider, zwee Bakiewen (wouvun een och eng Mikrowell ass), eng Spullmaschinn an eng breet Induktiounskachplack. Doniewent bitt eng Spënnchen praktesche Stauraum, an et sinn och déi néideg Uschlëss do fir eng Wäschmaschinn an en Trockner ze bedreiwen.
Zousätzlech zu dengen zwee Schlofzëmmer huet d'Appartement een Buedzëmmer mat Dusch an Buedbidden esou wei eng separat Toilette.
Ausserdeem huet d'Wunneng eng Buedemheizung, e Glasfaseruschloss, Cat7 Netzwierk- an TV Steckdousen an all groussem Raum an as d'ganzt Joer iwwer ouni ze heizen agréabel warm.
D'Appartement gëtt duerch eng Parkplaz an der Tiefgarage an 2 Kellerräim vun jeeweils 4,45m2 an 4,54m2 ergänzt.
Zéckt net mech ze kontaktéieren a loosst Iech d'Geleeënheet net entgoen fir dëst aussergewéinlecht Appartement ze kafen!